LASEP
Wat ass d'LASEP ?
D’LASEP, dat si reegelméisseg Traininger déi ganz am Zeeche vum „MULTI-SPORTS“ stinn an e breet Angebot u Beweegungsméiglechkeeten duerstellen.
D’Jongen an d’Meedercher aus der Grondschoul, ginn op eng spilleresch Aart a Weis un déi verschidde Sportaarten erugefouert. De Fairplay steet dobäi ëmmer am Vierdergrond. D’LASEP-Stonne gi vu qualifizéiertem Personal geleet.
D’LASEP, dat ass och e breet gefächerte Manifestatiounskalenner iwwer d’Schouljoer a queesch duerch all d’Sportaarten. Dëst esouwuel als Kompetitioun, wéi awer besonnesch och als Promotioun. Kleng a Grouss kënne vun dësem villfältegen Angebot profitéieren an op regionalem esou wéi op nationalem Niveau aner Kanner begéinen.
D’LASEP dréit zu enger harmonescher Entwécklung vum Kand bäi a fërdert d’Gesondheet an d’Wuelbefannen. D’LASEP ASS DO FIR ALL KAND an akzeptéiert all Kand, dat d’Welt vum Sport an der Beweegung wëll entdecken.
Wéi kann ech mäi Kand aschreiwen ?
Wann Dir Äert Kand bei der LASEP umelle wëllt, fëllt w.e.g. d'Umeldungsformulaire souwéi déi dräi Säite mat Informatiounen iwwert d'Kand, dat ugemellt gëtt, aus.
Fëllt w.e.g. ee Formulaire pro Kand aus a gitt se un de LASEP-Dirigent oder schéckt se op d'Adress virun der éischter Trainingseinheit, un där d'Kand deelhëlt.
Fir d'Wuelergoen vun Ârem Kand biede mir Iech, dëst Formulaire gewëssenhaft auszefëllen.
Zykel | Dag | Ufang | Enn | Responsabel |
---|---|---|---|---|
Zykel 4 | Méinden | 12h10 | 13h10 | Michèle Wagner Doris Stoltz |
Zykel 1.2 + 2 | Dënnschden | 12h10 | 13h10 | Jett Schaeffer Serge Fournel |
Zykel 3 | Mëttwoch | 12h10 | 13h10 | Serge Fournel Jack Koster |
Zykel 1.1 - Précoce | Donnëschden | 11h40 | 12h40 | Jack Koster Svenja Gyberien |